Classic Moment

Insolites a Gelungenes, Onbekanntes an Neies. Interessantes a Wëssenswäertes aus der Welt vun der klassescher Musek. D’Aktualitéit heiheem an am noe Grenzgebitt.

Gennady Rozhdestvensky

Dirigent Gennady Rozhdestvensky mat 87 Joer gestuerwen

Hie war op ville Plazen aktiv. Laang am Bolshoï oder am Radiosorchester vun der UDSSR. Mee och hei an Europa war hie Chefdirigent vun enger Partie renomméierten Orchesteren: Wiener Sinfoniker, Royal Stockholm Philharmonic Orchestra oder nach de BBC Sinfonieorchestra. Den Gennady Rozhdestvensky war a sengem Land och e Pionéier a punkto europäesche Repertoire. Den Dirigent ass de 16. Juni am Alter vu 87 gestuerwen.

De Manuel Ribeiro portraitéiert dës Musekslegend.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen