D'Mier als Kommunikatiounsraum

Sophie Thoma

Um Mier goufe politesch an ekonomesch Kämpf ausgedroen, Millioune vu Mënsche sinn transportéiert ginn, Entdecker hunn d'Welt eruewert an nei Iddien, Wueren a Wäerter matbruecht. D'Mier huet eng wichteg Bedeitung fir eis Geschicht.

Dat gëllent Zäitalter vun der Piraterie

D'Pirate reegen eis Fantasie un: Ee gesellschaftlecht net konformt Liewe féieren. Aus den Zwäng vum Alldag ausbriechen. Räich sinn, ouni dofir schaffen ze mussen. Als Aventurier duerch d'Weltmierer segelen - esou vermëttelen et eis Hollywoodfilmer, Bicher a Spektakelen. Dobäi ass d'Geschicht vun der Piraterie eng endlos Kette vu Mord, Kriminalitéit, Misär a Verzweiwlung engersäits a vu bluddeger Verfolgung anerersäits.

Rezent Emissiounen

  • Krich um Mier

    Séischluechte konnten e groussen Impakt op d'Weltgeschicht hunn, esou zum Beispill d'Schluecht vun Trafalgar 1805.

  • Mierengten - Kontroll an Eskalatioun

    Mierengten hunn eng wichteg strategesch, ekonomesch a politesch Bedeitung.

  • Ostindienkompanien

    Ostindienkompanien - Globalplayers a Virleefer vun der Koloniséierung an Ost- a Südostasien a Südafrika?

  • Dat gëllent Zäitalter vun der Piraterie

    Ee Liewe voller Fräiheet, Aventuren a Räichtum - esou vermëttelt et dat populäert Bild vun de Piraten. Mee wat ass Wourecht, wat ass Legend?

  • Déi däitsch Hanse

    D'Hanse - eng Aart europäesch Wirtschaftsgemeinschaft am Mëttelalter?

  • Déi maritim Welt am Altertum

    Och schonn an der Antikitéit ass d'Mier e wichtege Kommunikatiounsraum, eng Plattform vun Austausch, Beweegung a Verbannung.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen