Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Album "Piano Man" (1973) vum Billy Joel

Billy Joel: Piano Man

De Beatles-Fan Billy Joel hat sech Ufank de 70er keen esou e schlechte Carrièrestart virgestallt. Den éischten Album war schonn duerchgefall, duerch falsche Marketing vun engem schappege Label. Allerdéngs soll den zweete Studioalbum, "Piano Man" vun 1971, eng Referenz ginn. Nach haut dréit de Pianist a Sänger dee selwechte Spëtznumm: Piano Man.

De Manuel Ribeiro erënnert un dësen exzellenten Album.

Rezent Emissiounen

  • Quincy Jones - You've Got It Bad, Girl

    Mir gi 45 Joer zeréck bei ee Soloalbum vum Smooth Operator Quincy Jones. "You've Got it Bad, Girl" vun 1973 ass Orchestratioun am grousse Stil.

  • Mary Margaret O'Hara - Miss America

    En 80er Kultalbum vun enger exzentrescher Musekerin déi Texter op hir eege Manéier séngt

  • Jacques Brel - Les Marquises

    Dem Brel säi leschten Album, opgeholl e puer Méint viru sengem Doud, den 9. Oktober 1978.

  • Scott Walker - Scott 2

    Dem enigmatesche Museker säin zweete Solo-Album vun 1968 mat Interpretatioune vum Jacques Brel, Burt Bacharach an Henry Mancini.

  • Bob Dylan - Time Out Of Mind

    No siwe Joer Komponéierpaus gëtt de Bob Dylan 1997 erëm en Album eraus. E gelongene Comeback, produzéiert vum Kanadier Daniel Lanois.

  • Ramones - Road To Ruin

    E Punkalbum feiert Gebuertsdag: d'US-Punker si viru genee 40 Joer mat e puer Akkorden an d'Charts komm.

  • Morphine - Cure for Pain

    D'Sich no engem Heelmëttel fir déi ënnerlech Péng féiert op Morphine hirem zweeten Album duerch ee Monochrom vu Bariton-Frequenzen.

  • Link Wray - Link Wray

    Eng rau Pärel vun 71 vum Erfinder vum Power Akkord, dee seng Roots Rock Säit zum Virschäi gëtt.

  • Stevie Ray Vaughan - Couldn't Stand the Weather

    De Gittarist vereent Blues a Rock, Eegekompositiounen a Friemes, dorënner eng Versioun vum Hendrix-Klassiker "Voodoo Child"

  • King Crimson - Red

    1974 kënnt King Crimson hire 7. Studioalbum, "Red" eraus, déi lescht Plack virun engem längeren Hiatus. D'Plack enthält mat den häertste Rock, deen d'Band je erausbruecht huet.

  • Billy Joel: Piano Man

    Deen zweete Studioalbum vum Singer, Songwriter a Pianist

  • Ornette Coleman - The Shape Of Jazz To Come

    Den zweeten Album vum amerikaneschen Jazz-Saxophonist (Oktober 1959), op deem et a Richtung free an Avantgarde geet ...

  • Lucinda Williams - Car Wheels on a Gravel Road

    Dësen Album (1998) vun der amerikanescher Songwriterin ass mat engem Grammy als Best Contemporary Folk Album belount ginn.

  • Batteaux - Batteaux

    E Folk-Funk Bijou aus dem Joer 1973 mat ville séisse maritimen Tonalitéiten.

  • With A Little Help From My Friends

    Wuel ass dem Joe Cocker säin Debut-Album erréicht 1969 publizéiert ginn, et ass awer eng 68er Produktioun ... an dat héiert een!

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen