Nico Helminger
Gëschter Moie gouf am Nationale Literaturarchiv zu Miersch de Servais-Präis un den Nico Helminger iwwerreecht, fir säi Roman "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge". Grad wéi d'Lektüre vun dësem Wierk war och d'Zeremonie mat de verschiddene Rieden an der Laudatio e Genoss fir den Nolauschterer, respektiv de Lieser.
Den Nico Helminger ass den Invité beim Nathalie Bender.