Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen, Vintage-Opnamen, ausféierleche Live, Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.
Black & White Blues
Chris Youlden
Den englesche Bluesmann huet virun allem Enn der 60er Jore mat der Savoy Brown Blues Band Akzenter gesat. Esou goufen déi éischt fënnef LPe vun der Band staark vum Youlden beaflosst (1967-1970). De Jim Devans bliedert an der musikalescher Carrière vum haut 75jähregen.
Rezent Emissiounen
-
The Rolling Stones - Blue & Lonesome
2016 koum de Rolling Stones hiren 23. Album eraus, eng CD, déi komplett am Blues gehale gouf. 12 Cover-Songs, déi alleguerten am Stil an am Rhythmus stëmmen.
-
Live Blues
Mat Extraiten aus de Concerte vum Reidar Larsen & the Blues Bastards (Norwegen), Juke (USA) an John Mayall (GB)
-
Chris Youlden
Den englesche Bluesmann huet virun allem Enn der 60er Jore mat der Savoy Brown Blues Band Akzenter gesat.
-
Beth, Jimmy & Eises
Extraiten aus den neie Live-Albumen vu Beth Hart an Jimmy Cornett an eng déck Portioun Lëtzebuerger Blues
-
Mick Fleetwood: Blue Again!
De Mick Fleetwood huet a senger Bluesband e prominente Gittarist derbäi: de Rick Vito. Déi richteg Leit fir en Duebelalbum voller Klassiker.
-
Jimi songs
Cover-Versiounen, déi och alt emol d'Héiergewunnechten änneren, déi ee sech beim Hendrix-Repertoire zougeluecht huet ...
-
Robben Ford live
Live-Opname vum amerikanesche Gittarist, queesch uechter seng Karriär
-
Graham Bond
E Portrait vum 1974 verstuerwenen englesche Sänger, Saxophonist a Keyboarder, deen d'Hammonduergel mat an de Blues bruecht huet.
-
The Winklepickers: exklusiv, live & ofgespeckt
Den Duo Roger Melcher (Gesang, Harp) a Roland Meyer (Gittaren), live opgeholl am Studio 8 vum radio 100,7.
-
Jack Bruce - The 50th Birthday Concerts
Am November 1993 huet de Bassist Jack Bruce zwee wonnerbar Concerten zu Köln am E-Werk gespillt, an zwar fir säi 50. Geburtsdag ze feieren.
-
Rough Blues vun hanner der Grenz
Als Gäscht derbäi: déi saarlännesch Formatioun Stompin Heat mat hirem Live-Album, dee si genreméisseg als Rough Blues presentéieren.
-
John Mayall: "Three for the Road"
Dee 66. Album vum britesche Blues-Pionéier
-
Blues Is Life!
"Chilling" ass deen neien Album vum Archie Lee Hooker (Label: Dixiefrog). Hien an den Drummer/Produzent Yves Ditsch si Gäscht am Studio.
-
Muddy Waters ... Live at Rockpalast
Och nach haut, 35 Joer no sengem Doud, kommen ëmmer nach CDe vum Bluesmuseker Muddy Waters eraus. Sou och 2018.
-
Remo Cavallini live@Rockhal
Den Déifferdenger Bluesmann mat Band a Frënn, opgeholl de 14.10.2017 am Club vun der Rockhal fir de Release vu "The Last Blues From 29".
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Key to Classics - Amerika entdeckt déi symphonesch Musek
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen