Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Economie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dënschdes an donneschdes um 07.20 an 08.20 Auer ginn et Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Rietsruck an der EU-Migratiounspolitik

Dofir ze suergen, datt esou mann wéi méiglech Refugiéen an d'EU kommen. Dat ass ee vun den Haaptziler vun der europäescher Migratiounspolitik.

Et schéngt den Ament och dat eenzegt Objektiv ze sinn, iwwer dat ee sech wierklech eens ka ginn. Dobäi hunn Iddien, déi nach virun e puer Joer fir vill Politiker tabu waren, ëmmer méi Chancen fir Majoritéiten ze kréien. Et geet an éischter Linne drëm, d'Baussegrenze vun der EU besser zouzemaachen.

Eng erstaunlech Reaktioun, wann een Zuele kuckt: Vun den iwwer 25 Milliounen Refugiéen weltwäit, kommen der just eppes iwwer zwou an eng hallef Millioun an der EU un.

Hannergrënn vum Danièle Weber.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen