Europa Aktuell

Danièle Weber

Als ee vun 27 EU-Memberstaaten decidéiert Lëtzebuerg net eleng iwwert seng Zukunft. Déi europäesch Politik an Ekonomie hunn e groussen Afloss op dat, wat am Grand-Duché geschitt. Dir héiert Hannergrënn iwwert déi aktuell Entwécklungen an der Europäescher Unioun. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Rietsruck an der EU-Migratiounspolitik

Dofir ze suergen, datt esou mann wéi méiglech Refugiéen an d'EU kommen. Dat ass ee vun den Haaptziler vun der europäescher Migratiounspolitik.

Et schéngt den Ament och dat eenzegt Objektiv ze sinn, iwwer dat ee sech wierklech eens ka ginn. Dobäi hunn Iddien, déi nach virun e puer Joer fir vill Politiker tabu waren, ëmmer méi Chancen fir Majoritéiten ze kréien. Et geet an éischter Linne drëm, d'Baussegrenze vun der EU besser zouzemaachen.

Eng erstaunlech Reaktioun, wann een Zuele kuckt: Vun den iwwer 25 Milliounen Refugiéen weltwäit, kommen der just eppes iwwer zwou an eng hallef Millioun an der EU un.

Hannergrënn vum Danièle Weber.

Rezent Emissiounen

  • Smartwielen.lu

    Wat fir eng Partei a wat fir Kandidate passen am beschte bei mech? D'Online-Instrument Smartwielen wëllt hëllefe fir op déi Froen ze äntweren.

  • Debatt tëschent fënnef europäesche Spëtzekandidaten

    Digitaliséierung, Nohaltegkeet an d'Zukunft vun der EU stoungen am Mëttelpunkt vun der Debatt, déi d'Universitéit vu Maastricht co-organiséiert huet.
     

  • Bilan vum Junckerplang

    De Junckerplang sollt d'Investitiounen an Europa nees undreiwen. Dat Zil schéngt erreecht ze sinn. Mee a wéi eng Beräicher gouf investéiert?

  • Dräi Europadeputéiert soen Äddi Europaparlament

    Am Europaparlament léiert ee Waasser a säi Wäin ze schëdden, soe Georges Bach, Mady Delvaux a Frank Engel. Déi dräi kandidéieren net méi fir d'Europawahlen.

  • Keng Allianz tëschent Liberalen an "en marche"

    Et gouf vill spekuléiert iwwer eng Allianz vun de Liberalen an dem Macron senger LREM. Déi kënnt, wann iwwerhaapt, awer eréischt no de Wahlen zustanen. 

  • No-Deal: Bis elo keng Léisung op der irescher Grenz

    Brexit: D'EU ass gutt preparéieret op den No-Deal, heescht et. Fir d'Grenz tëschent Nordirland an Irland gëtt et awer ëmmer nach kee Plang.

  • Bonne Note am Sozialen, eng Datz an der Migratioun

    Huet des EU-Kommissioun ënnert dem Lëtzebuerger Jean-Claude Juncker eng gutt Aarbecht gemaach? D'Danièle Weber huet zu Bréissel nogefrot.

  • Europaparlament: Roserei géint Brexiteers

    D'Europaparlament ass déi eenzeg Plaz, wou Deputéiert aus ganz Europa mat deenen aus Groussbritannien diskutéieren. Dat féiert zu deels hëtzegen Débaten.

  • Brexit: Deen nächste Count-Down leeft

    Beim Brexit gouf Zäit gewonnen. Den Datum gëtt ëm op d'mannst zwou Woche verluecht. Bréissel kuckt elo nees gespaant op London.

  • EVP suspendéiert Fidesz

    D'Europäesch Vollekspartei huet gëschter d'Partei vum ungaresche Premier Viktor Orban suspendéiert.

  • D'Systemer fir d'Sécurité sociale an der EU

    Lëtzebuerg ass dofir, sech méi Zäit ze loossen an den Diskussiounen iwwer nei EU-Reegele fir d'Chômage-Indemnitéite vu Frontalieren.

  • Brexit: Kritt Groussbritannien eng Verlängerung?

    Genee 15 Deeg nach, dann trëtt Groussbritannien aus der EU eraus. Gëtt et eng Verlängerung? Wat sinn d'Problemer, déi domat verbonne sinn?

     

  • EU leet Projet fir Digitalsteier op Äis

    Well d'EU-Memberlänner sech net iwwer eng Digital-Steier eens ginn, gëtt et ëmmer méi Länner, déi no enger nationaler Léisung sichen. 

  • "D'EVP ass eis politesch Heemecht"

    "Mir wëllen an der EVP bleiwen, dat ass eis politesch Heemecht", seet den Europadeputéierte vun der Fidesz, den György Schöpflin.

  • Der Wirtschaft an der EU geet et gutt

    Däitschland soll méi investéieren. An déi ekonomesch Situatioun an Italien, op Zypern an a Griichenland ass alarmant, sou d'EU-Kommissioun.  

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen