Almut Neef
"Das Sams und die Helden der Kinderbücher" heescht déi aktuell Familljenausstellung am historesche Musée vu Speyer. Eng Expo, déi Kanner an Erwuessener an déi fantastesch Welt vun de Kannerbicher entféiert. Eng Ausstellung, an där ee fréier an och aktuell Kannerhelde begéint, vum Pippi Langstrumpf a Jim Knopf iwwer de Robbi, Tobbi an de Fliewatüüt bis bei de Grüfelo an de Sams. Déi ganz Ausstellung steet och am Zeeche vum 80. Anniversaire vum Paul Maar, ee vun de bedeitende Kannerbuchauteuren a Papp vum Sams. D'Almut Neef ass eng vun de Kommissärinne vun dëser Expo a beschreift, wat Dir alles erliewe kënnt. D'Ausstellung "Das Sams und die Helden der Kinerbücher" ass nach bis den 6. Januar 2019 zu Speyer ze gesinn. A méi Informatioune ginn et op www.museum.speyer.de