Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Damien Sagrillo

Den Damien Sagrillo

Den Damien Sagrillo ass Musekswëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg. Eier säi Wee hien zu dësem Fach gefouert huet, huet hie Fagott a spéider Tuba geléiert. Den Ament schafft hien un der kritescher Gesamtausgab vum Lëtzebuerger Komponist Laurent Menager senge Wierker.

Den Damien Sagrillo schwätzt mam Luc Boentges iwwer Stécker, déi a sengem Beruff an a sengem Liewen eng grouss Roll spillen.

Playlëscht:

  1. Gustav Holst: First Suite, 1. Saz
  2. Gustav Holst: Second Suite, 1. Saz
  3. Richard Wagner: Extraiten aus Tristan und Isolde
  4. Wolfgang Amadeus Mozart: Concerto fir Fagott, 1. Saz
  5. Modest Mussorgsky: Katakomben aus Bilder einer Ausstellung
  6. Marcel Wengler: Extrait aus Marsch oder die Versuchung
  7. Laurent Menager: Des rauhen Herbstes Schönheit
  8. Gustav Mahler: Extrait aus dem Finale vun der 3. Sinfonie

Rezent Emissiounen

  • Olivier Toth

    Wann den Direkter vun der Rockhal de musikalesche Programm vun der Emissioun zesummestellt, da kann et wuel nëmme rocken! Oder dach net?

  • Tom Leick

    Den Direkter vun de Stater Theatere gëtt en Abléck a säi Plackeregal.

  • Marc Dostert

    Den Dirigent vun der Maîtrise aus der Kathedral stellt de musikalesche Programm vun dëser Stonn zesummen.

  • Jeannot Waringo

    Wat lauschtert den Direkter vun der IGF (Inspection Générale des Finances) privat?

  • Marc Meyers

    E ganz eklektesche Programm vum Direkter vum Stater Conservatoire.

  • Guy Daleiden

    Den Direkter vum Film Fund Luxembourg stellt de musikalesche Programm vun dëser Stonn zesummen.

  • Nilton Martins

    De Lëtzebuerger Schauspiller a Fräizäit-DJ huet labber Danzlidder, Party-Matgröhler, modern franséisch Chanson a Filmmusek matbruecht.

  • Jean-Marie Kieffer

    Sänger, Organist, Museksprofesser an zanter e puer Joer Professeur chargé de mission am Educatiounsministère.

  • Pit Wagner

    De Pit Wagner stellt Lidder vir, déi säi Liewe markéiert hunn. Vun Jazz an Blues iwwer Progressive Rock bis hin zu vietnamesescher Musek.

  • Alexandra Oxacelay

    Als Invitée am Studio a fir de Musekprogramm an dëser Stonn zoustänneg ass d'Directrice vun der "Stëmm vun der Strooss", Alexandra Oxacelay.

  • Sylvia Camarda

    Schonn ëmmer war déi bekannten Dänzerin, déi ë.a. vun 2005 bis 2006 beim Cirque du Soleil war, ee riesege Pop- a Musekfan.

  • Ainhoa Achutegui - Direktesch vu Neimënster

    D'Ainhoa Achutegui assd'Invitée an der musikalescher Visitekaart.

  • Danièle Wagener

    D'Direktesch vun de Stater Muséeë presentéiert hir musikalesch Favoriten. Dorënner Lidder vun Les Rita Mitsuko, Creedence Clearwater Revival an dem Terence Trent D'Arby.

  • Patrick Sanavia

    Zanter 2008 ass de geléierte Jurist Direkter vum 'Service des Sites et Monuments Nationaux'. Hien huet fir dëss Stonn de musikalesche Programm zesummegestallt.

  • Sumo

    De bekannten Urban Art- a Graffitikënschtler Sumo stellt Lidder vir, déi säi Liewe markéiert hunn. New Wave iwwer Punk bis hin zu Jazz an Hip Hop aus de 90er Joeren.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen