Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Batty Weber neu gelesen

Am rezente Sammelband "Batty Weber - Werk und Wirkung" vun der Anne-Marie Millim gëtt den Zäitzeien, Beobachter, Intellektuellen a Schrëftsteller Batty Weber (1860-1940) virgestallt. Hie gouf virun allem bekannt als Historiker vum Alldag duerch seng Feuilletonserie "Abreisskalender", déi tëscht 1913 an 1940 an der liberaler Luxemburger Zeitung publizéiert gouf. Hei huet hien d'Lëtzebuerger Gesellschaft, Politik a Kultur a méi wéi 7.000 Texter beschriwwen a kommentéiert. Doriwwer eraus hat de Batty Weber och literaresch Wierker: Erzielungen, Novellen, Romaner an Theaterstécker verfaasst.

Hien huet och de Begrëff vun der Mischkultur, fir d'Lëtzebuerger Gesellschaft ze beschreiwen, an d'Welt gesat.

Am Virtrag "Batty Weber neu gelesen" liest de Schauspiller Germain Wagner Extraiten aus de literareschen a journalisteschen Texter vum Auteur. 

D'Anne-Marie Millim ass Dozentin fir Anglistik op der Uni Lëtzebuerg  © CNL

Opgeholl de 4. Oktober 2017 am Centre national de littérature (CNL) zu Miersch a verschafft
 vum Carlo Link. 

Sammelband: "Batty Weber Werk und Wirkung" vum Anne-Marie Millim 2017. Coverzeechnung: Anne Mélan. 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen