Konferenzen
De Londoner Kongress 1867
Den 11. Mee 1867 haten déi europäesch Supermuechten zu London e Vertrag ënnerschriwwen, dee Lëtzebuerg seng Neutralitéit a Sécherheet garantéiert. D'Festung gouf ofgerappt a Lëtzebuerg hat den dätsche Bond verlooss. 1867, e wichtegen Datum an eiser Geschicht, e Joer, wou Lëtzebuerg bal vun der Europakaart verschwonne war. Den Historiker Roger Seimetz erkläert, wéi et zu dësem Vertrag koum a wéi doraus Lëtzebuerg entstanen ass. Weider beliicht hien, wéi dësen Datum haut betruecht gëtt a wat et haut bedeit, an enger Zäit, an där vun der Festung vun Europa geschwat gëtt.
E Virtrag vum 14. November an der Gemeng Käl, opgeholl a verschafft vum Carlo Link.
Roger Seimetz, Foto: Carlo Link
Extrait de l'acte final du traité de Londres 1867 - Catalogue/Expo: Luxembourg Ville Ouverte 1867 - MNHA
Episoden
De Wee vum Text
"De Wee vum Text" war de Sujet den 8. Mee op enger Table ronde op de Mierscher Theaterdeeg am Mierscher Kulturhaus.
Welche Zukunft wollen wir? Die Smart City und die Zukunft unserer Städte
Eng Diskussioun mam Niklas Maak a Florian Hertweck, op Invitatioun vum Institut Pierre Werner (IPW) an der Abtei Neimënster. "Zwischen Klimawandel und digitaler Revolution".
Guy Wagner - Winterreise
Als Hommage un de Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner (1938-2016) vum 7. Mee am Trifolion, Iechternach
Op eemol ass alles anescht!
Wat maache Verännerunge mat eis? Am Alldag, an der Gesellschaft, an der Schoul, an der Kierch?

Guy Wagner - Winterreise
Als Hommage un de Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner (1938-2016)
