Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

De Londoner Kongress 1867

Den 11. Mee 1867 haten déi europäesch Supermuechten zu London e Vertrag ënnerschriwwen, dee Lëtzebuerg seng Neutralitéit a Sécherheet garantéiert. D'Festung gouf ofgerappt a Lëtzebuerg hat den dätsche Bond verlooss. 1867, e wichtegen Datum an eiser Geschicht, e Joer, wou Lëtzebuerg bal vun der Europakaart verschwonne war. Den Historiker Roger Seimetz erkläert, wéi et zu dësem Vertrag koum a wéi doraus Lëtzebuerg entstanen ass. Weider beliicht hien, wéi dësen Datum haut betruecht gëtt a wat et haut bedeit, an enger Zäit, an där vun der Festung vun Europa geschwat gëtt. 

E Virtrag vum 14. November an der Gemeng Käl, opgeholl a verschafft vum Carlo Link.   

Roger Seimetz, Foto: Carlo Link

Extrait de l'acte final du traité de Londres 1867 - Catalogue/Expo: Luxembourg Ville Ouverte 1867 - MNHA 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Sozialwahlen 2019

    Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen