Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Inspiratiounen aus aller Welt

Fir Komponiste ware Reesen dacks net just fir d'Erhuelung do, mee fir sech vu lauter neien Andréck inspiréieren ze loossen. Dës Reeserfarungen hunn et hinnen erlaabt, hire musikalesche Wuertschatz ze erweideren an déi nei Iddien an hir Wierker ze integréieren.

De Luc Boentges lauschtert a Stécker eran, deenen hir musikalesch Iddien op Reesen entstane sinn.

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen