KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Leonard Bernstein

West Side Story & More

Wie "West Side Story" seet, denkt automatesch un den Numm Leonard Bernstein. Dëse Musical gëllt haut nach als Referenz, e Wendepunkt am Beräich Klassik mat staarken Jazzinfluenzen, kuerz: déi haut genannte klassesch US-amerikanesch Musek. Mee wéi steet et mat der Oper "Candide"? Aner Bühnewierker heeschen: "On the Town, Wonderful Town", "1600 Pennsylvania Avenue" ... De Manuel Ribeiro erënnert u "West Side Story" a "Candide".

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen