Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

"Ich hoffe, dass es zu einem von meinen Eckpfeilern wird"

Nodeems de Sebastian Bohren Wierker vun de Komponiste Pleyel, Schuman a Beethoven opgeholl huet, traut hie sech mat sengem aktuellen Disk un ee vu senge Liiblingskomponisten erun: De Johann Sebastian Bach. Hien hätt gären, datt dëse Komponist zu engem vu sengen Eckpfleilere gëtt a wëllt mat dësem Album d'Fundament dofir leen. Wéi ass him dëst gelongen? Wat stécht op dëser CD besonnesch eraus?

De Luc Boentges huet an den aktuellen Disk vum Sebastian Bohren eragelauschtert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen