Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Em 1911, Grousspapp Heinrich Juda, Groussmamm Klara mam Papp vum Henri Juda, Karl, um Schouss, dernieft de Brudder vum Papp. © Henri Juda

Mitten unter uns - die Schicksalsgeschichte der Familie Juda

A sengem Virtrag versicht den Iechternacher Henri Juda dës fatal Joren um Beispill vu senger Familljegeschicht ze beliichten. Während seng zwou Groussmammen dem Holocaust zum Affer gefall sinn, huet seng Mamm Auschwitz iwwerlieft. Säi Papp konnt während de Krichsjore bei enger couragéierter Bauerefamill zu Beefort verstoppt ginn.

Mir héieren erstaunlech Geschichten, vum wirtschaftlechem Opstig, Feindschaften a Verrot, Ausgrenzung, Verdreiwung, Deportatioun an Ermordung, souwéi dem Versuch, an der Nokrichs-Gesellschaft en neit Liewen opzebauen, an der Reconciliatioun an am Vergiessen, wou och d'Verdrängen am Mëttelpunkt stoung. De Virtrag vum Henri Juda soll net ukloen, mä wëllt och bewosst onbequeme Froen net aus dem Wee goen. 

Verschafft gouf de Virtrag vum Carlo Link.

Oberkapo vum Krankerevéier zu Ausschwitz, Orli Reicherts-Torgau (Wald), eng Kommunistin aus Tréier.

Den Henri Juda bei sengem Virtrag den 20. Februar am Trifolion zu Iechternach. © Willy Speicher

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen