Musek war ëmmer e feste Bestanddeel vum Kino an dat ëmsou méi vun deem Moment un, wéi endlech um groussen Ecran geschwat, gesongen a gedanzt gouf. Vun 1927 un huet de Musical de Public begeeschtert. Um Ufank vun de 50er Joren huet de Film-Musical säin Héichpunkt gefeiert a sech zënterhier ëmmer erëm nei erfonnt.
Den amerikanesche Musical
Baltimore a Buenos Aires (1990-99)
An den 90er Jore kommen nëmmen ganz wéineg nei Musical Produktiounen an de Kino. Et schéngt wéi wa weder d'Produzenten, nach d'Studioen de Courage haten dësen dach Ur-amerikanesche Genre ze revitaliséieren. D'90er Jore kann een esou resuméieren: Rock 'n' Roll zu Baltimore, d'Sich no der Léift an eng wichteg politesch Fraefigur.
Rezent Emissiounen
-
De Victor Hugo an de P. T. Barnum (2010-17)
"Les Miserables" a "La La Land" sinn zwee erfollegräich Musicallen déi beweisen, datt de Genre no knapp 90 Joer awer bei gudder Gesondheet ass.
-
Pop Musek vun de Beatles an Abba (2000-09)
De Musical um Ufank vum neie Joerdausend, dat sinn dacks Pop-Lidder, déi vun enger Nei-Interpretatioun profitéieren kënnen.
-
Baltimore a Buenos Aires (1990-99)
Rock 'n' Roll zu Baltimore, d'Sich no der Léift an eng wichteg politesch Fraefigur
-
Eng Alien-Planz an e Weesekand (1980-89)
An den 80er Joren kuckt de Musical nostalgesch zeréck op seng Ufankszäit, muss sech awer och a Richtung Popo nei erfannen.
-
Horror an Hoer (1975-1979)
"Rocky Horror Picture Show", "All that Jazz" an "Hair", de Musical muss déi ënnerschiddlechst Aflëss musikalescher an inhaltlecher, verschaffen.
-
De Jesus an den Don Quijote (1970-74)
70er Jore charakteriséiere sech duerch e puer grouss Klassiker, mä am groussen a ganze sti Musicalen net méi wierklech an der Gonscht vum Public.
-
D'Trapp Famill an de Kinnik Arthur (1965-69)
Staark Frae setzen sech virum Mikro duerch, Julie Andrews, Debbie Reynolds, Barbra Streisand an och d'Petula Clark weisen hiert Talent.
-
E Kannermeedchen an d'Rivalitéit tëscht Jonken (1960-64)
De Can-Can, d'Maria vun der West Side, d'Mary Poppins an d'My Fair Lady sinn d'Highlights vum Ufank vun den 60er Joren.
-
De King am Prisong an d'High Society (1955-59)
De Succès vu Singin' in the rain huet de Musical Genre markéiert, mee wéi kann a soll et weider goen?
-
Shakespeare als Musical an den Gene Kelly am Reen (1950-54)
D'Musical Produktioun erreecht den absoluten Héichpunkt esou wuel quantitativ wéi och qualitativ an an där Zäit entsteet de "Singin in the rain".
-
Matrousen zu NY an Hollywood a Piraten aus der Karibik (1945-49)
An de Nokrichsjoren kann den Gene Kelly sech definitiv mat sengem athleteschen Danz Stil duerchsetzen.
-
Patriotesch Stëmmung an afro-amerikanesch Geschichten (1940-44)
Den Ufank vun de 40er Jore si vun der Zesummenaarbecht vum Vincente Minelli a senger spéiderer Fra Judy Garland markéiert.
-
Hooray fir Hollywood an déi aner Säit vum Reebou (1935-39)
Romantesch Momenter sinn Tromp mat Lidder wéi "Cheeck to Cheek", "I'm in the Mood for Love" oder och nach "They can't take that away from me".
-
Busby Berkeley & d'Dramkoppel Astaire/Rogers (1930-34)
De Filmmusical war um Ufank virun allem gefilmte Vaudeville awer um Enn vu éischte Joerzéngt entwéckele sech richteg gedanzte Geschichten.
-
Vum Stommfilm bei den Tounfilm 1920-1929
1927 ass d'Joer vum Ëmbroch. De Kino, deen ni wierklech stomm war, bitt de Spectateure vun do un Danz a Musek um Ecran.
Programm
-
Noriichten
-
On air
Moies-Magazin
-
Panorama
-
Iwwer Mëtteg
-
Key to Classics - Amerika entdeckt déi symphonesch Musek
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen