Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

King Crimson - Red

Op "Red" gesäit de King Crimson Gittarist Robert Fripp rout. Den Album schéisst déi éischt grouss Period vun der Band of an ass zugläich ee Schwanegesang fir eng Epoch, bei deem et guer net ëmmer friddlech zougeet. Iwwer 42 Joer huet sech dës Plack als Geheimtipp an der Diskographie vu King Crimson gehalen, an dach vill Museker vun haut beaflosst. De Marc Clement féiert duerch d'Emissioun.
 

Rezent Emissiounen

  • Billy Joel: Piano Man

    Deen zweete Studioalbum vum Singer, Songwriter a Pianist

  • Ornette Coleman - The Shape Of Jazz To Come

    Den zweeten Album vum amerikaneschen Jazz-Saxophonist (Oktober 1959), op deem et a Richtung free an Avantgarde geet ...

  • Lucinda Williams - Car Wheels on a Gravel Road

    Dësen Album (1998) vun der amerikanescher Songwriterin ass mat engem Grammy als Best Contemporary Folk Album belount ginn.

  • Batteaux - Batteaux

    E Folk-Funk Bijou aus dem Joer 1973 mat ville séisse maritimen Tonalitéiten.

  • With A Little Help From My Friends

    Wuel ass dem Joe Cocker säin Debut-Album erréicht 1969 publizéiert ginn, et ass awer eng 68er Produktioun ... an dat héiert een!

  • Westcoast, 1968

    D'USA hunn nach ëmmer kulturell Zeeche gesat, virop am Rockberäich. D'Joer 1968 mécht do keng Ausnam ...

  • Michael Mantler: Jazz am Mee '68

    Dem gebiertege Wiener Komponist an Trompettist seng musikalesch Initiative ginn den Zäitgeescht vun 1968 beschtens erëm: et gëtt Neies an Onkonventionelles geschafen.

  • Mai '68 en chansons

    Lidder ronderëm de Mee '68 a Frankräich

  • The Necessaries - Event Horizon

    Eng New Wave Power Pop Pärel vun 82, op där den enigmateschen Arthur Russell matgewierkt huet.

  • Duke Ellington & John Coltrane

    Zwee vun deene aflossräichsten Jazz-Muséker vun allen Zäiten huelen am Joer 1962 zesummen ee wonnerbaren Album op. Bei deem Rezept ka bal näischt schief goen.

  • Let It Bleed - The Rolling Stones

    Den Album vun de Stones vun Enn 1969: de Brian Jones geet, de Mick Taylor ass nei derbäi. Den Toun gëtt weider den Duo Jagger/Richards un.

  • The Rise and Fall of Ziggy Stardust and the Spiders from Mars

    E Meeschterwierk vum David Bowie, dat am Juni 1972 erauskoum - eng Rees duerch den Universum vun engem Rockstar ...

  • Robert Plant - Fate Of Nations

    De fréiere Led Zeppelin-Sänger erënnert op sengem 93er Solowierk just nach sporadesch un déi gutt al Rockerdeeg ...

  • Manfred Mann's Earthband - The Roaring Silence

    'Blinded By The Light' war de Superhit um 1976er Release ... wou sech zolitt bei anere Museker inspiréiert guef.

  • Stan Getz and the Oscar Peterson Trio

    Saxophon trëfft op Piano: den 1958er Album vum Amerikaner Stan Getz (1927 - 1991) dréit just de Numm vun den Interpreten, déi matmaachen.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen