Classic Moment

Insolites a Gelungenes, Onbekanntes an Neies. Interessantes a Wëssenswäertes aus der Welt vun der klassescher Musek. D’Aktualitéit heiheem an am noe Grenzgebitt.

Anne-Sophie Mutter - (c) Bartek Barczyk - DG (2018)

Happy Birthday Anne Sophie Mutter

2017 huet si 40 Joer Carrière gefeiert mat enger Tournée an divers europäesch Länner. Nächst Tournée ass vum 23. September 2018 un. D'Anne-Sophie Mutter féiert international eng brillant Carrière an ass an der Philharmonie um Kierchbierg den 8. Mee 2019 ze héieren.

"Für mich war die Violine die grösste Entdeckung meines Lebens und ist es bis heute geblieben", esou d'Kënschtlerin op hirer Internetsäit. D'Anne-Sophie Mutter feiert haut (29.6.2018), 55 Joer.

De Manuel Ribeiro skizzéiert e Portrait vun dëser aussergewéinlecher Musekerin.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen