Alain Mabanckou
Lescht Woch war de franséischsproochege Schrëftsteller mat afrikaneschen Originnen Alain Mabanckou zu Lëtzebuerg. Den Institut Pierre Werner huet de renomméierten Auteur, dee mëttlerweil Professer fir franséisch Literatur op enger kalifornescher Universitéit ass, invitéiert, fir mat der Cornelia Ruhe vun der Universitéit Mannheim iwwer franséischsproocheg Literatur a besonnesch säi Wierk "Le Monde est mon language" ze schwätzen, e Wierk aus deem den Alain Mabanckou och gelies huet.