Du bass e Museks... wat?

Luc Boentges

E Reagenzglas voller Nouten, eng Tafel voller Theorien an en Aarbechter an enger Museksfabrik. Dës Biller entspriechen natierlech net der Wierklechkeet vu Musekswëssenschaftler, -theoretiker a -produzenten. Mä wéi schaffen all dës Mënschen tatsächlech? A wéi gesäit hiren Alldag aus? De Luc Boentges geet op d'Sich no de Beruffer hannert der Musek a léisst sech vun Experten erklären, wat si eigentlech maachen.

Remy Franck (l) an Alain Steffen (r)

Musekskritiker

Dagdeeglech landen CDen um Remy Franck sengem Schreifdësch mat der Demande, ob hie se lauschteren an eng Kritik doriwwer schreiwe kéint. Fir d'Museker schéngt et deemno immens wichteg ze sinn, datt Kritiken iwwer hir Opname geschriwwe ginn. Mee wisou ass dat esou? A wat kritiséiert ee Musekskritiker eigentlech genee? De Remy Franck an den Alain Steffen zielen iwwer hire Beruff a kritiséiere Musek, déi de Luc Boentges hinne presentéiert.

Rezent Emissiounen

  • Museksvermëttlerin

    D'Viviane Waschbüsch an d'Bianca Hellberg verzielen iwwer hire Beruff.

  • Musekermedezinnerin

    D'Claudia Spahn, Directrice vum Freiburger Institut fir Musekermedezin, verzielt iwwer hiert Fach.

  • Museksethnolog

    Den Damien Sagrillo gëtt en Abléck an d'Aarbecht vun engem Museksethnolog.

  • Musekstheoretiker

    De Claude Lenners gëtt en Abléck an d'Welt vun der Musekstheorie.

  • Museksproduzent

    Wéi erreecht een den optimale Klang? Wéi vill Aarbecht stécht hannertenger Opnam? De Marco Battistella jr. gëtt en Abléck a säi Beruff.

  • Musekskritiker

    De Remy Franck an den Alain Steffen iwwer Kritiken, Kritiker a Kritiséierter

  • Musekswëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg

    D'Noute vum Jean-Antoine Zinnen erëmfannen an eng Lëtzebuerger Museksgeschicht schreiwen - Aufgabe vun engem Musekswëssenschaftler.

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen