Du bass e Museks... wat?

Luc Boentges

E Reagenzglas voller Nouten, eng Tafel voller Theorien an en Aarbechter an enger Museksfabrik. Dës Biller entspriechen natierlech net der Wierklechkeet vu Musekswëssenschaftler, -theoretiker a -produzenten. Mä wéi schaffen all dës Mënschen tatsächlech? A wéi gesäit hiren Alldag aus? De Luc Boentges geet op d'Sich no de Beruffer hannert der Musek a léisst sech vun Experten erklären, wat si eigentlech maachen.

De Museksproduzent Marco Battistella

Museksproduzent

Ophuele kann haut jiddereen: Et brauch ee just den Handy erauszehuelen, eng App ze starten a schonn hëlt een op. Wann een awer eng CD produzéiere wëllt, ass dat Ganzt e Stéck méi komplex: Wou stellt een d'Mikroen op? Wéi erreecht een den optimale Klang? Wéi geet ee mat de Museker ëm? De Marco Battistella jr. gëtt en Abléck a säi Beruff als Museksproduzent an erkläert dem Luc Boentges, wéi et zu enger Opnam kennt.

Rezent Emissiounen

  • Museksvermëttlerin

    D'Viviane Waschbüsch an d'Bianca Hellberg verzielen iwwer hire Beruff.

  • Musekermedezinnerin

    D'Claudia Spahn, Directrice vum Freiburger Institut fir Musekermedezin, verzielt iwwer hiert Fach.

  • Museksethnolog

    Den Damien Sagrillo gëtt en Abléck an d'Aarbecht vun engem Museksethnolog.

  • Musekstheoretiker

    De Claude Lenners gëtt en Abléck an d'Welt vun der Musekstheorie.

  • Museksproduzent

    Wéi erreecht een den optimale Klang? Wéi vill Aarbecht stécht hannertenger Opnam? De Marco Battistella jr. gëtt en Abléck a säi Beruff.

  • Musekskritiker

    De Remy Franck an den Alain Steffen iwwer Kritiken, Kritiker a Kritiséierter

  • Musekswëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg

    D'Noute vum Jean-Antoine Zinnen erëmfannen an eng Lëtzebuerger Museksgeschicht schreiwen - Aufgabe vun engem Musekswëssenschaftler.

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen