Chronik

Aktuell Sujeten aus Lëtzebuerg, Europa an der Welt

Den D. Trump iwwerhëlt d'Kontroll vum héchste Geriicht an den USA

Mam annoncéierte Récktrëtt Enn Juli vum Riichter Anthony Kennedy gëtt eng Plaz fräi am amerikanesche Supreme Court. Den US-President Donald Trump kann elo säi Remplaçant nominéieren. En Dram fir all konservativ Republikaner gëtt esou zu enger Realitéit. Detailer vun eisem Washington-Korrespondent Philip Crowther.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen