Geliefte Musek

Luc Boentges

Op der UNESCO-Lëscht stinn iwwer zéng immateriell Kulturierwen, déi sech op d'Musek bezéien, z. B. d'Chouermusek vun Amateurchéier oder d'Lidder vun der däitscher Aarbechterbeweegung. Deen eenzege Punkt op der Lëtzebuergescher UNESCO-Lëscht vum Patrimoine culturel immatériel ass zënter 2010 d'Sprangprëssessioun. Wann een dës Lëscht verlängere kéint, wat géing een dann drop setzen? Vollekslidder wéi Zu Arel op der Knippchen an de Feierwon? D'Traditioun vun de lokale Blosmuseken oder vläicht de Kierchegesank?

Pierre Nimax, fréiere Chef vun der Militärmusek

Blosmusek a Militärmärsch

D'Traditioun vun de Blosmuseke gëtt et zu Lëtzebuerg well zanter iwwer 200 Joer. Duerch dës laang Zäit an och duerch déi grouss Zuel vu Fanfaren an Harmonien déi zu Lëtzebuerg existéieren, gehéiert dës Traditioun zum musikalesche Patrimoine. Mee wéi steet et haut ëm dëse Patrimoine? A gëtt et esou eppes, wéi en typesch lëtzebuergesche Marsch?

Fir Äntwerten op dës Froen ze fannen, schwätz de Luc Boentges mam Musekswëssenschaftler Damien Sagrillo a mam fréiere Chef vun der Militärmusek Pierre Nimax.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen