Folk Revival

Jamie Reinert

An de 50er a 60er Jore kritt d'Folkmusek neien Opschwong an den USA souwéi am Vereenegte Kinnekräich. D'Renaissance vun den traditionelle Museken hat e groussen Impakt op déi national Identitéit a war op béide Säite mat sozialisteschen Tendenze verbonnen. Wat sinn d'Wuerzele vum Folk Revival, a wéi huet d'Musek sech bis haut weiderentwéckelt? Den Jamie Reinert beliicht dës musikalesch Renaissance.  

Rout Angscht

Mam Ufank vum Kale Krich an der Kreatioun vu kommunistesche Regierungen an Ost-Europa hu verschidde Folkmuseker eng wuessend Hostilitéit gespuert. 1938 hat den amerikanesche Kongress den House of Un-American Activities Committee gegrënnt, dee sech äifreg op d'Sich no Staatsfeinde gemaach huet - am Viséier waren haaptsächlech Kommunisten. Folkgruppe wéi The Almanac Singers, The Weavers oder och den afro-amerikanesche Sänger Paul Robeson si wéinst hirer Proximitéit zu der kommunistescher Partei op eng schwaarz Lëscht gesat ginn. Den Jamie Reinert mat Hannergrënn.

Playlist:

  1. Dave McCarn - Cotton Mill Colic
  2. Merle Travis - Sixteen Tons
  3. The Almanac Singers - Talking Union
  4. The Almanac Singers - Which side are you on?
  5. Carson Robison - I'm no communist
  6. The Weavers - If I had a hammer
  7. Paul Robeson - Shenandoah
  8. Chas McDevitt Skiffle Group

Rezent Emissiounen

  • We shall overcome

    Déi wichteg Roll vun dësem akustesche Genre am Civil Rights Mouvement: Folkmusek als politesch a sozial Waff

  • Greenwich Village

    New York als Zentrum vum amerikanesche Folk Music Revival: Dave Van Ronk, Bob Dylan an Joan Baez

  • Calypso

    Den Harry Belfonte, Lord Invader an Atilla the Hun: D'Popularitéit an de 1950er vun der Afro-Karibescher Folkmusek

  • Folk Clubs & Skiffle

    De Lonnie Donegan, déi transatlantesch Folk Bezéiungen an d'Ufäng vun der zweeter britescher Folk Renaissance

  • Rout Angscht

    Déi sozialistesch Wuerzele vu Folk an eng schwaarz Lëscht: Dem Joseph McCarthy seng Hexejuegd an den Impakt op d'Musek.

  • Verfeinerung fir d'Massen

    Kommerzialiséierung vum Folk: Vum ongeschlaffene Klang vum Leadbelly bis zu den harmoneschen Téin vun The Weavers.

  • Äifreg Lidder Sammler

    Cecil Sharp, John & Alan Lomax an d'Renaissance vun der traditioneller Musek am Ufank vum 20. Joerhonnert

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen