Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Bob Dylan - Blonde On Blonde

"Blonde On Blonde" gëtt mat sengen zwee Virgänger "Highway 61" a "Bring It All Back Home" als eng Zort Trilogie betruecht, mat där den Dylan déi elektresch Phas a senger Karriär agelaut huet. Begleet gëtt hien um Album vu Museker vu senger Band The Hawks, dorënner de Robbie Robertson op de Gittaren, dem Al Kooper op der Uergel, als Bassisten sinn ë. a. de Rick Danko an den Charlie McCoy derbäi.

Den Duebelalbum proposéiert 73 Minutten Erzielerkonscht vun His Bobness, déi bekanntste Lidder sinn: "Rainy Day Women", "I Want You", "Just Like A Woman", "Stuck Inside Of Mobile" ... oder och "Sad Eyed Lady Of The Lowlands".

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • Steely Dan - Pretzel Logic

    Den drëtte Long-Player vun 1974 vun den zwee Jazz-Rock Acolyten

  • Sidsel Endresen, Bugge Wesseltoft ‎- Out Here. In There.

    Den Duo versteet et den Nolauschterer ze verzauberen awer och erauszefuerderen.

  • Blaze Foley - Live at the Austin Outhouse

    Eng obskur Country Legend, live a rau e puer Méint viru sengem Doud 89

  • Led Zeppelin - Led Zeppelin

    Viru 50 Joer gouf de Phenomen Led Zeppelin gebuer, a verschiddene Kritiker no den Heavy Rock gläich mat.

  • Ian Dury - New Boots and Panties!!

    De frechen Englänner a säi 77er Funk, Punk, Disco, Music Hall a Rock'n'Roll Debut

  • Blood Sweat & Tears - BS&T

    Jazz trëfft op Rock, e puer Téin Klassik, e bëssi Blues: Blood Sweat And Tears huelen Enn 1968 en neien Ulaf ... an iwwerzeegen!

  • Michael Jackson - Off the Wall

    Op séngem 5. Studioalbum "Off the Wall" invitéiert de jonke Michael Jackson 1979, d'Liewen net esou schwéier ze huelen.

  • Mick Jagger - Wandering Spirit

    Am Februar 1993 kënnt den drëtte Solo-Album vum Rolling Stones-Frontmann Mick Jagger eraus - kee vu senger Band ass am Studio derbäi ...

  • The Walkabouts - Nighttown

    De Sound fir uechter d'Nuecht ze cruisen: den 1997er Album vun der amerikanescher Band ass eng melancholesch a wantergro musikalesch Reess.

  • Jean Michel Jarre - Equinoxe (1978)

    Deen zweeten Album vum franséischen Elektroniker huet ee Joer no senger Verëffentlechung net manner wéi eng Millioun Leit op d'Place de la Concorde gelackelt.

  • The Cure - Japanese Whispers

    Eigentlech keen Album, dofir awer en interessant Zäitdokument

  • Portishead - Roseland NYC live

    Virun 20 Joer huet déi britesch Trip Hop Band e ganz besonnesche Live-Album erausbruecht.

  • The Beatles - The BEATLES (The White Album)

    E komplexen Duebelalbum vun de Fab Four (Sortie: 22.11.1968) mat vill Solonummeren an ëmmer manner Zesummenhalt bannen der Band.

  • Canned Heat - Living the Blues

    Den 1. November 1968 koum den drëtten Album vun der Blues- a BoogieBand Canned Heat eraus, eng vun den éischten Duebbel-LPen, déi um Maart war.

  • Jefferson Airplane - Volunteers

    D'kalifornesch Band gëtt am November 1969 den deemolegen Zäitgeescht erëm an Nouten an a Wierder: Protest an Anti-Establishment sinn Tromp!

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen