Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Paul Simon - Graceland

War et richteg vum amerikanesche Museker, datt hien Mëtt den Achzeger op Johannesbourg gereest ass, fir dësen Album opzehuelen? Vill Museker hate sech dem allgemenge politesche Boykott géint de Staat Südafrika a seng deemoleg Politik vun der Rassentrennung ugeschloss a wollten näischt mam Regimm vum Land ze dinn hunn - de Paul Simon awer wollt mat der Produktioun en Zeeche setzen: hien huet zesumme mat südafrikanesche Museker opgeholl, dëst zu de selwechte Konditiounen (Bezuelen, Museksrechter, ...) wéi dat bei wäisse Museker Usus war. Domadder huet hien eng etlech Diskussiounen ausgeléist, déi bis haut daueren.

Just en Deel vum Album gouf a Südafrika opgeholl, de Gros vun den Opnamen ass zu New York entstanen. De Simon huet déi südafrikanesch Museker no de Johannesbourg-Sessions dohinner invitéiert, fir weider u "Graceland" ze schaffen.

Presentéiert vum Fred Medernach.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen