Chronik

Aktuell Sujeten aus Lëtzebuerg, Europa an der Welt

Kritesche Moment fir d'EU

D'Europäesch Unioun huet et virum Weekend net fäerdeg bruecht fundamental Ännerungen un der Asylpolitik ze decidéieren. Et gouf rhetoresch opgerüst: an der Saach awer goufe just verschidde vag Piste festgehalen, mee keng konkret Mesuren. Den EU-Sommet huet eppes ganz kloer gewisen: wéinst dem Drock vun de Rietspopulisten ass d'Europäesch Unioun op engem kritesche Punkt ukomm. Et geet net méi ëm d'Asypolitik, mee ëm d'Zukunft an den Zesummenhalt an der EU. Eng Europachronik vum Jean-Claude Franck.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Haut den Owend live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen