Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Ella and Louis

Déi zwou Stëmme vun der Ella a vum Louis sinn zäitlos a begeeschteren Jazzfans scho zanter Generatiounen an zesumme mam Quartett vum Oscar Peterson hu si hei ee wonnerbaren Album erausbruecht mat Klassiker wéi "They Can't Take that away from Me", "Tenderly" oder och nach "Cheek to Cheek". Elegant arrangéiert an intim gespillt gehéiert dësen Disk an all Kollektioun, net zulescht wéinst de Sidemen déi matspillen an dat si keng manner wéi de Ray Brown um Bass, den Herb Ellis op der Gittar, de Buddy Rich op der Batterie an dat ënner der Leedung vum Oscar Peterson um Piano. 
Eng Emissioun presentéiert vum Pol Belardi a vum Pit Dahm. 
 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza

    S. Allegrezza.jpg

    An der Emissioun Riicht eraus e Sonndeg leeë mir Zuelen op den Dësch. Mam Direkter vum STATEC Serge Allegrezza geet rieds iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen