Klassik-CD vun der Woch

Am klassesche Beräich gëtt vill verëffentlecht. Awer nach laang net alles ass gutt a relevant. D'Museksredaktioun sicht déi wichtegst Verëffentlechungen eraus a proposéiert all Woch een CD, deen erausstécht.

Wann de Berio nom Schubert kuckt

Wann de Luciano Berio nom Franz Schubert kuckt, kënnt immens Interessantes vum Italiener op d'Blat, D'Rekompositioun "Rendering", no Fragmenter vum der net fäerdeger 10. Symphonie vum Schubert, schléit eng Bréck tëscht dem fréien 19. Joerhonnert an dem 20. Joerhonnert. Passend dozou hunn d'Solistes Européens, Luxembourg nach dem Franz Schubert seng 9. Symphonie, déi sougenannt "Grosse C-Dur-Symphonie", opgeholl, déi de Schumann Joren nom Doud vum Schubert nees entdeckt hat. Den Dirigent Christoph König mécht op dëser Produktioun, déi bei Rubicon erauskoum, e schlëssege Lien tëscht  Berio a Schubert.

Label: Rubicon RCD 1025

Wierker:

  • Luciano Berio: Rendering nom Schubert senger Symphonie Nr 10
  • Franz Schubert: Symphonie Nr 9 D.944

Interpretatioun: 5/5

Klangqualitéit: 4,5/5

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen