Soirée Philharmonique

Guy Engels

Live-Matschnëtter vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg, de Solistes Européens, Luxembourg an dem Orchestre de Chambre du Luxembourg. An der Concertspaus héiert Dir Gespréicher mat Dirigenten, Solisten, Orchestermuseker.

Elisabeth Leonskaja (c) Julia Wesely

SEL - In der Heimat unterschätzt

D'Louise Farrenc oder de Ludwig van Beethoven waren an hirer Heemecht Frankräich resp. Däitschland, ënnerschate Komponisten. D'Tatiana Zelianko versicht sech zu Lëtzebuerg en Numm ze maachen, mat enger Kompositioun, déi si am Optrag vum Kulturministère, fir d'SEL, Solistes Européens, Luxembourg, geschriwwen huet. Um Programm vun Live-Matschnëtt den 13. November 2017 stoungen dës Wierker:

  • Louise Farrenc: Symphonie Nr. 1
  • Tatsiana Zelianko: Sonata delle Farfale
  • Ludwig van Beethoven: Concerto fir Piano Nr. 2

Solistin um Piano: Elisabeth Leonskaja. Direktioun: Christoph König

Presentéiert vum Manuel Ribeiro.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen