Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

De Werner Lämmerhirt (1949 - 2016) interpretéiert 'All Along The Watchtower' akustesch

Jimi songs

Mat Interpretatiounen vu Popa Chubby, Werner Lämmerhirtt, Ras Smaïla, Friends and Fellow, Eric Bibb, Ansley Lister, Open Hand, Beautiful People, P-M-Dawn an dem Duo Steve Winwood/Eric Clapton.

Zesummegesicht a presentéiert vum Fred Medernach

Rezent Emissiounen

  • Let the guitars talk!

    Op zwee aktuellen Albume steet d'elektresch Gittar am Mëttelpunkt: esouwuel de Popa Chubby, wéi och de Mike Zito verstinn hiert Handwierk!

  • Santana Live

    Santana IV - Live at "The House of Blues" - Las Vegas

  • girl power!

    Am Mäerz hunn definitiv d'Bluesfraen d'Soen, wat de Live-Blues zu Lëtzebuerg betrëfft!

  • Silent Concert - The Blues Company

    D'Blues Company aus Osnabruck geet nei Weeër.

  • Play the Harp, John!

    De britesche Bluespionéier John Mayall (Joergang 1933) ass an tëschent beim ... 65. regulären Album ukomm!

  • Zréck zu de Wuerzelen

    D'Stones am Blues-Féiwer!

  • Magic Slim in concert

    Blues voller Energie a Gefiller, opgezeechent 2005 a Kalifornien: eng Referenz a Saache Live-Blues.

  • Taj Mahal

    ... ass e wonnerbart Gebai a Monument an Indien, mä an dësem Fall handelt et sech ëm en amerikaneschen Country-Blues-Museker, live in Concert 1971.

  • Gary Clark jr. in concert

    Live at Paléo 2015

  • Andy Just live

    Smokin' tracks ... Live at Muddy Waters, 2010

  • Hooker 'n' Heat

    Zwou grouss Pointuren aus dem Blues begéine sech zu Venice, Kalifornien: Canned Heat an den John Lee Hooker. Eng memorabel Soirée.

  • Van Morrison

    ... It's too late to stop now ... Volumes II, III, IV

  • Ring my blues bell!

    Mir loosen dem Kalenner enspriechend d'Blues-Klakke lauden: 1 Stonn Xmas Blues mat dem engen oder anere Schotz Rock!

  • John Mayall: Blues from Laurel Canyon

    ... eng musikalesch Rees duerch de Blues mat Destinatioun Los Angeles

  • Live-Gigs

    De Blues-Kleeschen huet dräimol Concertsextraite matbruecht - vu BB & the Blues Shacks, Big Dave & the Ultrasonics a Lonnie Brooks!

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen