De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach
World


Djembé & Dunun @ Lolamba Diddeleng
Den Djembé, d'Dununs kombinéiert mat afrikaneschem Danz spillt a gewësse Länner um afrikanesche Kontinent kulturell eng immens grouss Roll. Mee och hei en Europa faszinéieren Optrëtter vun esou Ensembelen ëmmer nees.
Fir dës Instrumenter ze léieren, wéi och déi musikalesch Kultur, déi dohannert stécht, brauch ee keng musikalesch Viraussetzung, just eng Portioun gudde Wëllen an Interessi.
De Manuel Ribeiro huet sech fir dës afrikanesch Trommen an Danz interesséiert an d'Associatioun Lolamba zu Diddeleng getraff. Hei hält de Meeschter um Djembé, den Gilbert Elion, Course fir Ufänger an Intermediairen.
Rezent Emissiounen
-
Haydamaky
De polnesche Schrëftsteller Andrzej Stasiuk an déi ukrainesch Folk-Rock-Band Haydamaky mat Texter vum polneschen Nationaldichter Adam Mickiewicz
-
Von Kuba in die Welt
Musek vun der karibescher Insel vu Kënschtler, déi een uechter d'ganz Welt begéint ... net nëmmen op Kuba selwer.
-
Neie Kascht fir de World-Summer
Mat den aktuelle Release vu Fatoumata Diawara, Hazmat Modine, Bombino an Choco Y Sus Complices plus engem Bléck op den Atlantico-Festival
-
Jenseits von Indien
En dacks mysteriéist Land, musikalesch ënner d'Lupp geholl ...
-
Cap Vert - Brasilien an zeréck
Nei Produktioune vun den Inselen am Atlantik an de Live-Album vum brasilianeschen Trio Gilberto Gil - Gal Costa-Nando Reis.
-
Smile!
Lidder aus allen Härelänner mat engem Laachen am Gesiicht ...
-
Sacred Sounds a schamanesch Beats
Meditativ Gesäng, ronderëm d'Feier danzen a mystesch Kläng kënnen eis an eng aner Welt zauberen. Dës "World"-Editioun versetzt Iech an Trance.
-
Tram des Balkans
Balkanbeats a Klezmerrhythmus: déi franzéisch Formatioun 'Tram des Balkans' ass den 8. Juni am Ettelbrécker CAPE.
-
Goran Bregovic
Eng Stonn, déi dem bosnesche Kënschtler a Museker dediéiert ass.
-
Orlando Julius & the Heliocentrics live
Den Optrëtt vum nigerianesche Saxophonist bei der BBC den 28. Oktober 2017
-
Op katalanesch!
Eng musikalesch Rees an der katalanescher Sprooch - déi net nëmmen an der Géigend ronderëm Barcelona a Gebrauch ass ...
-
Francesco De Gregori live
Den italiensche Cantautore/Songwriter live opgeholl am Oktober d'lescht Joer zu München.
-
Keng Kannerlidder, mee Lidder iwwer Kanner
Vill Kënschtler hunn déi Kleng an hire Repertoire opgeholl.
-
Klanglandschaften
E Bësch an Estland, eng al Zistern an Italien, bulgareschen a capella, finneschen Tango: Inspiratioun fanne Museker/innen iwwerall ...
-
Eng Rees an den Orient
Eng musikalesch Stonn mat dem Sound aus dem Orient - dee kënnt mol vu méi wäit hier, mol vu méi no bäi.
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen