Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Stevie Ray Vaughan - Couldn't Stand the Weather

Just emol 35 Joer al gouf den amerikanesche Gittarist Stevie Ray Vaughan. Hien ass 1990 bei engem Helikopterongléck viru sengem Optrëtt op engem Festival am Wisconsin ëm d'Liewe komm. "Couldn't Stand the Weather" ass säin zweeten Album. Hie gëtt begleet vu senger Band Double Trouble. De Vaughan vereent hei Blues a Rock, Eegekompositiounen a Friemes, dorënner eng Versioun vum Hendrix-Klassiker "Voodoo Child". Bannen de fënnef éischte Wochen nom Release am Mee 1984 sinn eng Millioun Exemplaire verkaaft ginn. Presentéiert vum Ben Boulanger.

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen