D'Mier als Kommunikatiounsraum

Sophie Thoma

Um Mier goufe politesch an ekonomesch Kämpf ausgedroen, Millioune vu Mënsche sinn transportéiert ginn, Entdecker hunn d'Welt eruewert an nei Iddien, Wueren a Wäerter matbruecht. D'Mier huet eng wichteg Bedeitung fir eis Geschicht.

Krich um Mier

Mat der Victoire vun Trafalgar huet de briteschen Admirol Horatio Nelson de Grondstee fir dat britescht Welträich geluecht. D'Royal Navy hat no dëser Schluecht déi absolut Herrschaft iwwer Mierer, an dës Hegemonie um Mier huet et den Englänner erméiglecht, hiert Welträich weider auszebauen an oprecht ze erhalen. Eréischt 111 Joer no der Schluecht vun Trafalgar huet eng feindlech Flott erëm gewot, d'Royal Navy erauszefuerderen. Et war d'Flott vum däitsche Keeserräich an d'Schluecht sollt als Schluecht vu Skagerrak an d'Geschichtsbicher agoen.

Hannergrënn mam Sophie Thoma.

Rezent Emissiounen

  • Krich um Mier

    Séischluechte konnten e groussen Impakt op d'Weltgeschicht hunn, esou zum Beispill d'Schluecht vun Trafalgar 1805.

  • Mierengten - Kontroll an Eskalatioun

    Mierengten hunn eng wichteg strategesch, ekonomesch a politesch Bedeitung.

  • Ostindienkompanien

    Ostindienkompanien - Globalplayers a Virleefer vun der Koloniséierung an Ost- a Südostasien a Südafrika?

  • Dat gëllent Zäitalter vun der Piraterie

    Ee Liewe voller Fräiheet, Aventuren a Räichtum - esou vermëttelt et dat populäert Bild vun de Piraten. Mee wat ass Wourecht, wat ass Legend?

  • Déi däitsch Hanse

    D'Hanse - eng Aart europäesch Wirtschaftsgemeinschaft am Mëttelalter?

  • Déi maritim Welt am Altertum

    Och schonn an der Antikitéit ass d'Mier e wichtege Kommunikatiounsraum, eng Plattform vun Austausch, Beweegung a Verbannung.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen