KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

Leonard Bernstein (1947) (c) Baron

Leonard Bernstein - De Kommunikatiounsgenie

"Ich mache euch glücklich. Durch Musik werdet ihr etwas Neues entdecken", esou de Leonard Benrstein iwwer säi Wonsch, dem Publikum an de Museker vun den Orchesteren d'Musek op beschtem Wee wëllen ze vermëttelen.

Mat de Young People's Concert, diversen Tëleesemissiounen, Meeschtercoursen an nach ganz verschidden Eventer, huet de Maestro, Komponist a Pädagog am 20. Joerhonnert Museksgeschicht geschriwwen. An zwar huet hien d'Wäiche geluecht fir nei Concertsformater a weider Konzepter, fir verschiddene Generatioune Musek ze erklären. De Manuel Ribeiro mat Detailer.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen