World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

Cover vun der CD Mickiewicz - Stasiuk - Haydamaky

Haydamaky

Den Andrzej Stasiuk zielt zu de bedeitendsten zäitgenëssesche Schrëftsteller a Polen, seng Wierker ginn a sëllech Sproochen iwwersat.

Haydamaki ass déi wuel bekanntsten ukrainesch Folk-Rock-Band, déi Reggae, Ska a Balkanbeats afléisse léisst.

De polneschen Nationaldichter  Adam Mickiewicz (1798-1855) huet sech mat senger Lyrik fir d'Fräiheet an Onofhängeschkeet  vu Polen agesat ...
Eng iwwerraschend a spannend Synergie aus Literatur, Rebellioun a Kozak-Rock. Zesummegestallt a presentéiert vum Valerija Berdi.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen