Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Den Nobelpräis Laureat Jules Hoffmann

2017 huet de Jongelycée um Lampertsbierg 125. Anniversaire gefeiert. Bei där Geleeënheet gouf de Konferenzenzyklus Les glorieux lycéens mat fréieren LGL-Schüler, déi et zu eppes bruecht hunn, lancéiert. Fir déi fënneft Sessioun war e besonnesche Riedner op Lëtzebuerg gereest: de Jules Hoffmann, deen 2011 mat zwee weidere Fuerscherkolleege mam Nobelpräis ausgezeechent gi war. D'Kerstin Thalau huet sech virun der Konferenz mam Biolog ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen