Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Mënschrechter: wat fir eng Responsabilitéit fir Entreprisen?

Wéi kënnen Entreprisë verflicht gi fir d'Mënscherechter ze respektéieren? 2011 hat d'UNO Richtlinnen dozou definéiert. Eréischt Enn Juni dëst Joer huet d'Regierung en deementspriechenden nationalen Aktiounsplang ugeholl - awer ouni rechtlech bindend Oplage fir d'Entreprisen. Dee Plang gëlt fir zwee Joer, an et ass un der nächster Regierung fir en neien Aktiounsplang opzestellen. Wéi wäit ass d'Politik bereet an Zukunft ze goen? Dorëms goung et an enger Table-Ronde organiséiert vun der Initiative pour un devoir de vigilence au Luxembourg. D'Mick Entringer resuméiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen