Invité am Moies-Magazin

Marie-Noëlle Farcy, Foto: Eric Chenal/ Mudam

Marie-Noëlle Farcy iwwer "No Man's Land"

D'Marie-Noëlle Farcy ass zanter der Ouverture vum Mudam, also zanter 2006, Curatrice vun der Mudam-Kollektioun. D'Sammlung soll, der neier Directrice Suzanne Cotter no, vum Hierscht 2018 un nach méi en Valeur gesat ginn. Éier et esouwäit ass, huet d'Marie-Noëlle Farcy déi interessant, temporaire Ausstellung "No Man's Land" op d'Bee gestallt. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Marie-Noëlle Farcy.

Rezent Emissiounen

  • Marc Schreiner a Marc Kiefer

    Mam President vum Paralympesche Comité Lëtzebuerg an hirem Sportdirekter geet rieds iwwer hir Aarbecht an iwwer d'Aussiicht op Tokyo 2020.

  • Claude Bertemes an Gian Maria Tore

    Iwwer d'Université Populaire du Cinéma geet rieds mam Conservateur vun der Stater Cinémathéik an engem Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg.

  • Dr. Erik Schneider a Caroline Pull

    Intersex an Transgender Luxembourg fuerdert e Gesetz fir de Schutz vun intergeschlechtleche Persounen. Explikatioune vun de Vertrieder vun der Asbl.

  • Claire Thill a Frédérique Colling

    Footnotes - en Deel vun engem Projet vun Independant Little Lies, e Stéck geschriwwe vun der Claire Thill. De Frédérique Colling steet mat hir op der Bühn.

  • Jayrôme C. Robinet

    "Mein Weg von einer weissen Frau zu einem jungen Mann mit Migrationshintergrund" - dëst Buch stellt de Schrëftsteller den Owend am Institut Pierre Werner vir.

  • Jochen Schmidt

    Den Dag, op deem d'Berliner Mauer gefall war, hat den däitsche Schrëftsteller, deen zu Ost-Berlin gebuer an opgewuess ass, säin 19. Gebuertsdag gefeiert.

  • Fabienne Becker a Fränz Siebenaller

    Déi Zoustänneg fir Sensibiliséierung a Plädoyer bei ECPAT Lëtzebuerg explizéieren nieft anerem d'Problematik vum Volontourismus.

  • Dr. Heinrich Kreft

    Ambassadeur vun der Bundesrepublik Deutschland zu Lëtzebuerg

  • Marc Elvinger

    "I am a Rohingya" - iwwer d'Aarbecht vun der ONG Friendship Luxembourg zielt de President.

     

  • De Paul Scholer

    Den Direkter vun der UGDA-Museksschoul iwwer de 36. Concours luxembourgeois pour jeunes solistes dëse Sonndeg am Stater Conservatoire

  • Alex Reding

    Fir déi 5. Editioun vun der Luxembourg Art Week huet hiren Initiator, de Galerist Alex Reding, de Kultur- an de Konferenzeprogramm ausgebaut.

  • Frédéric Haupert

    Invité ass den Direkter vu CARE Lëtzebuerg. De Projet DayCARE steet am Mëttelpunkt vum Gespréich.

  • Melitta Schubert

    Zanter Oktober ass d'Juristin déi nei éisträichesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg.

  • Julia Georgi a Gil Kirchen

    eReUse vun der Caritas an d'Ëmweltberodung invitéieren op de Seminär: Digitalisatioun méi nohalteg gestalten.

  • Isabelle Medinger an Dany Frank

    D'Directrice vun der Sécurité Routière an d'Conseillère de Gouvernement adjointe vum Transport- a Mobilitéitsministère iwwer ë. a. d'Wichtegkeet am Stroosseverkéier gesinn ze ginn.

Programm

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen