Invité am Moies-Magazin

Paul Bertemes

Paul Bertemes

Sandrine Brasseur, Lukas Arons a Robert Schmidt-Matt heeschen déi dräi KënschtlerInnen, déi vun Ufank Juli bis Ufank August am Wëlzer Simon Park un hire Skulpturen aus Stee schaffen. Déi fäerdeg Wierker gehéieren dann der Stad Wolz a kréien och eng fest Plaz. De Curateur Paul Bertemes ass Invité beim Valerija Berdi a schwätzt iwwer dës Editioun vun Art Wiltz.

Rezent Emissiounen

  • Anita Lucchesi

    Memo record - e Projet deen d'Chercheuse op der Uni Lëtzebuerg mat der Ënnerstëtzung vum Fonds national de la recherche Luxembourg mécht.

  • Pierre Joris

    Den Nomad vun der Literatur, den Iwwersetzer vum Paul Celan an onermiddlechen Dichter ass eisen Invité.

     

  • Guy Engels

    E feste Musek Rendez-vous ass de Neijoersconcert vun der Wiener Philharmoniker. E Concert muer en direkt um radio 100,7, mat Commentairë vum Guy Engels.
     

  • Den Eric Buttini iwwer "Otherworlds"

    E Saturnmound dee Waasser späizt, de Jupiter-Stuermsystem "roude Fleck": am natur musée gesitt Dir, wat an den Otherworld esou lass ass.

  • Martine Reuter an Tom Dockal

    De Bléck zeréck op d'Kinosjoer 2018. Wéi eng Filmer waren derwäert a wat waren éischter Floppen? Wéi eng Meenung hunn 100,7-Kinosexperten?

  • Valerija Berdi

    D'Luxemburgensia 2018 am Réckbléck

  • Fred Berend

  • Angèle Mersch

    Co-Presidentin vun der LLJ, der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren feiert dëst Joer hiren 90. Anniversaire.

  • Elise Schmit a Ian De Toffoli

    Les cahiers luxembourgeois  - Hydre éditions goes Binsfeld? - Erwaardungen un den Duo Tanson/Kox am Kulturministère ...

  • Susanne Jaspers

    Schrëftstellerin, Editrice, Reesend zwëschen 3 Wunnsëtz - d'Susanne Jaspers huet vill ze erzielen.

  • Claude Schenten a Guy Assa

    "Musek fir all Mënsch" ass e Pilot-Projet an der Käler Gemeng, deen et Mënschen erlaabt, Musek nieft dem traditionelle Museksunterrecht ze maachen.

  • Michel Delage an Thierry Simonelli

    Sinn Antidepressiva dat falscht Mëttel fir eng falsch Krankheet? Fir de britesche Journalist Johann Hari ass d'Depressioun keen individuelle mee e kollektive Problem. 

  • Jeannine Schumann & Klaus Elgas

    "Et kënnt een net als Elteren op d'Welt." Vertrieder vun der Eltereschoul Janusz Korczak informéieren d'Brochüre vun der Fondatioun Kannerschlass.

  • Georges Huberty

    Fotograf an aktive Member vum AMTF Train 1900, der Association des Musées et Tourisme Ferroviaires, iwwer säi Buch mat Fotoen iwwer den Train 1900

  • D'Alessandra Luciano

    Foto- a Filmmaterial vum CNA soll fir de Grand public méi accessibel ginn, mengt d'CNA-Film-Archivistin. Mat hir geet rieds iwwer den CNA-Heritage-Hackathon.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen