Invité am Moies-Magazin

Paul Bertemes

Paul Bertemes

Sandrine Brasseur, Lukas Arons a Robert Schmidt-Matt heeschen déi dräi KënschtlerInnen, déi vun Ufank Juli bis Ufank August am Wëlzer Simon Park un hire Skulpturen aus Stee schaffen. Déi fäerdeg Wierker gehéieren dann der Stad Wolz a kréien och eng fest Plaz. De Curateur Paul Bertemes ass Invité beim Valerija Berdi a schwätzt iwwer dës Editioun vun Art Wiltz.

Rezent Emissiounen

  • Françoise Binsfeld

    Directrice vun der Aasbl Aide à l'Enfance de l'Inde et du Népal

  • Michèle Clees

    D'Actrice an Enseignante iwwer "Halbzeit" am Stater Conservatoire, wou d'Aarbechte vun de Schauspillstudenten am däitschen Art dramatique gewise ginn.

  • Marco Pütz

    Virun 125 ass den Adolphe Sax gestuerwen, eng Occasioun fir iwwert dat no him benanntent Instrument de Saxophone ze schwätzen. An dat mam Lëtzebuerger Saxophonist Marco Pütz.

  • Florence Aubenas

    D'Journalistin huet aus Krichsgebidder bericht, well si un eng Zort "journalisme de paix" gegleeft huet.

  • Chloé Winkel

    Déi belsch Theateractrice, déi a "Breaking the Waves" am Groussen Theater eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg spillt.

  • Dr. Marc Diederich & Dr. Barbora Boyer-Orlikova

    Um Weltkriibsdag stoungen de Kriibs an d'Fuerschung an deem Beräich am Mëttelpunkt vum Gespréich.

  • Percy Lallemang an René Ballmann

    de Percy Lallemang, chargé de direction vun de Muséeën zu Peppeng an de René Ballmann, Vizepresident vun der "Amicale des Enrôlés de Force"

  • Den Najem Wali "huet Iddi"

    23 Joer war den irakeschen Auteur Najem Wali net a senger Heemecht. Mat e Grond firwat déi arabesch Welt d'Haaptroll a senge Bicher spillt.

  • Drs. Marie-Claire a Charles Pull

    Angscht?  Vu wéini un stéiert së?

     

  • D'Designerin Julie Conrad ass FD100

    Zanter Mëtt Januar gehéiert di lëtzebuerger Designerin Julie Conrad zu den FD100, den 100 wichtegsten "french Designer". Jo, dat geet!

  • Anne-Marie Millim

    Modernismus oder Modernismen an der Lëtzebuerger Konscht? Ee Sammelband, deen d'Literaturfuerscherin Anne-Marie Millim co-dirigéiert huet, geet där Fro op de Fong.

  • Benoît Frisch

    E mobilen Täschendictionnaire? Wierderbuch ass do die richteg App!

  • Elisabeth Kirsch

    mat der Responsabeler vum Zerwiss "Berodung a Sensibilisatioun" vun Natur & Ëmwelt geet rieds iwwert d' Wantervullenzielung

  • Conny Reichling

    den 27. Januar ass Weltlepradag

  • Raphael Gindt an Daniel Mac Lloyd

    Mir si kee Kamellebuttek! Oder?

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Weltfraendag 2019

    1911 gouf et den éischte Weltfraendag, zanter 1921 gëtt en den 8. Mäerz gefeiert. A méi wéi 25 Länner, déi meescht dovunner an Asien an Afrika, ass et mëttlerweil e gesetzleche Feierdag.

Communiquéen

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen