Invité am Moies-Magazin

Paul Bertemes

Paul Bertemes

Sandrine Brasseur, Lukas Arons a Robert Schmidt-Matt heeschen déi dräi KënschtlerInnen, déi vun Ufank Juli bis Ufank August am Wëlzer Simon Park un hire Skulpturen aus Stee schaffen. Déi fäerdeg Wierker gehéieren dann der Stad Wolz a kréien och eng fest Plaz. De Curateur Paul Bertemes ass Invité beim Valerija Berdi a schwätzt iwwer dës Editioun vun Art Wiltz.

Rezent Emissiounen

  • Gregor Schusterschitz

    Den éisträicheschen Ambassadeur am Gespréich iwwer DACH-Filmdeeg an der Cinémathéik.

  • Michel Delage an Thierry Simonelli

    Hutt Dir den Androck, fir eng Aarbecht bezuelt ze ginn, vun där kee Mënsch eppes huet? Diskussioun iwwer dem David Graeber säi Buch "Bullshit Jobs".

  • Valerija Berdi

    D'Sandy Flinto an de Pierrick Grobéty, zwee Lëtzebuerger Kënschtler zu Avignon

  • Philippe Herkrath

    Mam Invité vun der Lëtzebuerger Vëlo-Initiativ geet ë. a. rieds iwwer eng Aktioun d'nächsten Donneschdeg (8.11.), fir säi Vëlo wanterfest ze maachen.

  • Odile Linden

    D'Professesch am Lycée A. Mayrisch krut de Prix du Citoyen européen 2018 fir hiren Engagement an der Formatioun vu Jonken a Saachen europäesch Politik.

  • Marie-Laure Neiseler an Nathalie Moyen

    Éischten europäeschen Danzconcours dëse Weekend zu Lëtzebuerg.

  • Gunter Gebauer

    De Jean Claude Majerus schwätzt mam Berliner Sportphilosoph Gunter Gebauer iwwer Fussball, an dat eben mat enger philosophescher Approche.

  • Raymond Weber

    SOS Faim kritt 25 Joer a feiert dat mat enger Serie Evenementer. Wat um Programm steet, a wat dat deene Mënsche bréngt déi Honger leiden, erkläert de Raymond Weber, de President vun SOS Faim.

  • Ben Schultheis

    Invité ass de Lëtzebuerger Pilz-Kenner Ben Schultheis

  • Monique Kieffer an Roxana Maurer

    www.data.bnl.lu ass den neie Site deen Zougrëff op Donnéen an der BNL gët

  • Chantal Keller

    En Hireschlag muss séier erkannt a behandelt ginn.

  • Paul Dostert

    150 Joer Institut Grand-Ducal. De Prsident vum IGDL Paul Dostert erzielt.

  • Susana Campos an Sébastien Hay

    D'Flemm a kee fir ze schwätzen? SOS Détresse kann hëllefen

  • Jean Portante

    Literaresch Aktualitéit an e Bléck zréck bis an d'Kandheet vum bekannte Lëtzebuerger Schrëftsteller.

  • Anna Loporcaro iwwert "Design City LX"

    Fir d'5. invitéiert d'Anna Loporcaro vum Mudam op d'"Design City LX"-Biennale, déi Kéier zum Thema "Me craft - you industry - we design".

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen