KomponistIn vum Mount

All Mount steet eng Komponistin oder ee Komponist am Mëttelpunkt. Mat engem Portrait a virun allem mat de ville Facette vum Wierk.

De P.I. Tschaikowsky (1840-1893)

1935 schreift de Klaus Mann säin Tschaikowsky-Roman "Symphonie pathétique". De Roman léist eis an d'Liewen, an d'Séil vum Komponist a senger Musek blécken, en ass awer och eng Reflektioun vum Klaus Mann iwwer säin eegent Liewen. Vum Tschaikowsky sengen zéng Opere ginn der haut virun allem nach zwou gespillt: "Eugen Onegin" a "Pique Dame", zwou Operen, déi op literaresche Virlage vum Alexander Puschkin baséieren. 

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Nei Serie: Autoritär

    Autoritär.png

    Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen