Invité am Moies-Magazin

D'Gabriele Grawe op taktiler Exploratioun

Gabriele Grawe iwwer "Un musée pour tous"

"Une ville pour tous" ass de Motto vun der Stad Lëtzebuerg. An als Musée vun dëser Stad huet d'Villa Vauban am Summer 2017 d'Konzept "un musée pour tous" lancéiert: Taaschtmodeller, eng einfach Sprooch op den Informatiounstafelen, Kostümer asw sollen den Accès zu enger Konschtexpo vereinfachen. 2018 geet d'Initiative an déi 2. Ronn. D'Gabriele Grawe, Conservatrice vun der Villa Vauban, gleeft dorun, datt esou eng Konschtausstellung spilleresch an didaktesch an engems ka sinn.

Rezent Emissiounen

  • Marc Schreiner a Marc Kiefer

    Mam President vum Paralympesche Comité Lëtzebuerg an hirem Sportdirekter geet rieds iwwer hir Aarbecht an iwwer d'Aussiicht op Tokyo 2020.

  • Claude Bertemes an Gian Maria Tore

    Iwwer d'Université Populaire du Cinéma geet rieds mam Conservateur vun der Stater Cinémathéik an engem Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg.

  • Dr. Erik Schneider a Caroline Pull

    Intersex an Transgender Luxembourg fuerdert e Gesetz fir de Schutz vun intergeschlechtleche Persounen. Explikatioune vun de Vertrieder vun der Asbl.

  • Claire Thill a Frédérique Colling

    Footnotes - en Deel vun engem Projet vun Independant Little Lies, e Stéck geschriwwe vun der Claire Thill. De Frédérique Colling steet mat hir op der Bühn.

  • Jayrôme C. Robinet

    "Mein Weg von einer weissen Frau zu einem jungen Mann mit Migrationshintergrund" - dëst Buch stellt de Schrëftsteller den Owend am Institut Pierre Werner vir.

  • Jochen Schmidt

    Den Dag, op deem d'Berliner Mauer gefall war, hat den däitsche Schrëftsteller, deen zu Ost-Berlin gebuer an opgewuess ass, säin 19. Gebuertsdag gefeiert.

  • Fabienne Becker a Fränz Siebenaller

    Déi Zoustänneg fir Sensibiliséierung a Plädoyer bei ECPAT Lëtzebuerg explizéieren nieft anerem d'Problematik vum Volontourismus.

  • Dr. Heinrich Kreft

    Ambassadeur vun der Bundesrepublik Deutschland zu Lëtzebuerg

  • Marc Elvinger

    "I am a Rohingya" - iwwer d'Aarbecht vun der ONG Friendship Luxembourg zielt de President.

     

  • De Paul Scholer

    Den Direkter vun der UGDA-Museksschoul iwwer de 36. Concours luxembourgeois pour jeunes solistes dëse Sonndeg am Stater Conservatoire

  • Alex Reding

    Fir déi 5. Editioun vun der Luxembourg Art Week huet hiren Initiator, de Galerist Alex Reding, de Kultur- an de Konferenzeprogramm ausgebaut.

  • Frédéric Haupert

    Invité ass den Direkter vu CARE Lëtzebuerg. De Projet DayCARE steet am Mëttelpunkt vum Gespréich.

  • Melitta Schubert

    Zanter Oktober ass d'Juristin déi nei éisträichesch Ambassadrice zu Lëtzebuerg.

  • Julia Georgi a Gil Kirchen

    eReUse vun der Caritas an d'Ëmweltberodung invitéieren op de Seminär: Digitalisatioun méi nohalteg gestalten.

  • Isabelle Medinger an Dany Frank

    D'Directrice vun der Sécurité Routière an d'Conseillère de Gouvernement adjointe vum Transport- a Mobilitéitsministère iwwer ë. a. d'Wichtegkeet am Stroosseverkéier gesinn ze ginn.

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen