Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

The Internet - Hive Mind

D'Rezept vun The Internet ass einfach. Fënnef ganz jonk a ganz talentéiert Museker a Produzenten, déi zanter hirem gemeinsamen Debut vun 2015 alleguer Solo-Albume released hunn, déi och alleguer op hir Manéier ganz gutt sinn. Wann dës Fënnef Protagonisten zesummekommen, muss dat ongeféier sou sinn, wéi wa Superhelden hir Kräfte bündelen.

Rezent Emissiounen

  • COMA - Voyage Voyage

    Um Programm vum Kölner Duo COMA steet e lëftegen Trip duerch d'Landschafte vum Indie-Electro a méi Club-orientéiertem Pop, dee weder ze seicht nach ze kapplaaschteg ass.

  • Leonard Cohen - Thanks for the Dance

    "Give me a Leonard Cohen afterlife" housch et bei engem Nirvana Song. Mam neien Disque mécht de Cohen awer genee dat: sech aus dem Noliewe mellen.

  • FKA Twigs - Magdalene

    E Post-Breakup-Album, deen de perfekte Begleeder fir d'Wanterdepressioun ka sinn.

  • Arthur Russell - Iowa Dream

    Un der onfiltréierter Source vun der Kreativitéit

  • King Princess - Cheap Queen

    Hanner deem ambiguen Numm King Princess verstoppt sech déi 20-järeg Mikaela Straus aus Brooklyn, New York, a si huet et fauschtdéck hanner den Oueren.

  • Yvon im Kreis der Liebe

    Dräi Museker aus Nordrhein-Westfalen zéien den italienesche Indianersummer mat sech.

  • Richard Dawson - 2020

    Absurditéit, Verzweiwlung an den Alldag hu reegelméisseg matenee Rendez-vous um Richard Dawson senger neier Plack.

  • Big Thief - Two Hands

    Déi smartsten Americana Band mam zweeten Album fir dëst Joer: Den Äerd-Zwilling - e steet mat zwee Féiss um texanesche Wüstebuedem.

  • Luke Temple - Both-And

    Meditativ awer catchy Konstrukter vun engem experimentéierte Museker

  • Dyson Stringer Cloher - s/t

    Feministesche Rock vun Down Under, deen duerch den Americana-Wollef gezu gouf.

  • Devendra Banhart - Ma

    Op sénger 10. Solopack "Ma" beschäftegt sëch den Devandra Banhart mat sénge südamerikanesche Wuerzelen an de batterséissen Erkenntnisser vun der Liewensmëtt.

  • One True Pairing - One True Pairing

    E Soundtrack fir schwiereg Zäiten.

  • Rocko Schamoni - Musik für Jugendliche

    "Musik für Jugendliche" - net d'Konzept vu Bravo Hits, mee den Titel vun engem 53-Joer alen Entertainer.

  • Adam Green - Engine of Paradise

    Déi bizar Welt vun de mënschleche Paradiesmaschinnen erfuerscht den Adam Green an engem weideren, a besonnesch gelongenen Album.

  • Whitney - Forever Turned Around

    Déi zwee Kolleegen aus der "wandeger Stad" liwwere Balsam fir d'Séil.

Programm

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen