Invité am Moies-Magazin

Gleeft d'Patricia Lippert ewell un Ufoen?

No zéng Joer Paus wäert et de Summer 2018 nees en Art in Beaufort ginn. Beim neie Beaufort Festival maachen iwwer 100 plastesch Kënschtler mat, et ginn 22 Liesungen, eng Hellewull Concerten a Konschtworkshoppe gebueden. E puer Nimm: Bady Minck, Sylvia Camarda, André Mergenthaler ... an: Patricia Lippert, d'Curatrice vum Beaufort Festival. "Gëff och du en Deel vun der Unioun fir Onheemlechgäileschäiss", sou hiren Opruff. Dat konnt d'Kerstin Thalau net einfach esou stoe loossen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen