Chamberwahlen 2018

De 14. Oktober 2018 wielt Lëtzebuerg en neit Parlament. 256.698 Wieler*Innen kënnen hir Stëmmen ofginn. Zur Wahl stelle sech 547 Kandidat*Inne vun zéng Parteien. Aktuell Resultater, Analysen an Interviewen fannt Dir um Wahlsonndeg op 100komma7.lu.

 

CSV-Nationalkonvent

D'CSV hat e Samschdeg (24.3.) zu Ettelbréck hiren Nationakonvent. Mir kucken zréck an héiere wéi d'Partei sech fir d'Wahlen am Oktober opstellt.

Um Konvent vun der gréisser Oppositiounspartei hunn d'Delegéiert déi 60 Kandidate gewielt, déi dësen Hierscht fir d'CSV sollen untrieden. Dat grousst Zil fir d'CSV ass jo de politesche Wiessel, dat heescht d'Partei wëllt zréck an d'Regierung. De Serge Kesseler mat Detailer am Gespréich mam Tessy Steffen Koenig.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen