Invité am Moies-Magazin

Martine Theisen a Jochen Herling

Zanter iwwer 30 Joer presentéiert d'Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg an der grousser Vakanz eng thematesch Foto-Ausstellung. D'Sammlung vun der Fotothéik besteet aus ronn sechs Millioune Fotoen, déi tëscht 1855 an 2018 geknipst goufen. Duerch d'Expo sollen d'Leit vun de Schätz vun der Fotothéik mat profitéiere kënnen. 2018, am Stater Ratskeller, vum Wierk vum Fotograf Jochen Herling. D'Kerstin Thalau huet d'Directrice vun der Fotothéik, d'Martine Theisen, an de Jochen Herling an de Studio invitéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen