Invité am Moies-Magazin

Linda Graf

En neit Liewen an engem neie Land. D'Linda Graf ka sech net méi virstellen, op Lëtzebuerg zréckzekommen. Et ass d'Waarmhäerzegkeet vun der griichescher Populatioun, déi si un hiert neit Doheem bënnt. D'Linda Graf schwätzt awer och iwwer d'Situatioun no de schroe Bëschbränn ronderëm Athen, iwwer d'Folge vun der Finanzkris an iwwer d'Solidaritéit vun de Griichen. Valerija Berdi am Gespréich mat der Linda Graf.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen